„Eechternoacher Schaffbaier Präis“ 2010.

Aufgrund festgelegter Kriterien, geht der „Eechternoacher Schaffbaier Präis“ 2010 an den Bildhauer Michel Schiltz, eine Anerkennung erhalten die Verantwortlichen der „Amis du Vieil Echternach asbl“.

Gérard Fritz hielt die Laudatio für Michel Schiltz :

Dir Dammen an dir Haeren,

Léif Frënn vun Intramuros,

Esou wéi et all Joer am November de Beaujolais Nouveau gëtt, sou gëtt och all Joer vun Intramuros A.S.B.L. den Iechternacher Schaffbei’erpreiss verdéelt.

Watt de Schaffbei’erpreiss ass, dirft mettlerweil allgemeng bekannt sinn.

De Lauréat vun desem Joer ass kée gerengeren wéi eise Misch, de Schiltze Misch, en Iechternacher Urgesteng.

A mat Steng an Holz huet hien ze dinn.

Eng stëppsech Affaire ass dat Ganzt, an esou stengenhaard wéi dem Misch sein Handgrëff ass, sou haard ass och sein Material ,mat déem hien all Dach ëmgéet.

Eise Misch, e Bildhauer oder méi fein ausgedrëckt, e Sculpteur.

Bildhauerkonscht, wat ass dat?

Eppes ass et jiddefalls nët, wöll drop lass klappen.

Sou wéi fréier meng Elteren gesoot hun, wann ech erem lidderech war:

Wanns du net léiers, da musst du spéider Steng klappe goen.

War de Misch eieren lidderech an der Schoul?

Nu ja, am Vertrauen huet hien mir gesoot, dass esou munch aanerer e besse besser gewierscht sinn am Oemgang mat Zuelen, mat franséische Vokabelen, mat verwuerelter Grammatik an esou weider.

Wann et awer em d’Molen, Zéechnen oder aaner Handfeerdegkeeten gaangen ass, da gouff de Spiess emgedréit.

An desem Fall solle mer dat Wuerd Spiess nët wuerdwiertlech huelen, well eppes war secher: Mat Metzeler oder mat Kebab, domat haat de Misch neischt um Hutt.

Et waren Wuerzelen, déi him et ugedoen haaten.

Nee, nët wei dir elo denkt, keng Quadratwuerzelen, Wuerzelen fir d’Kannengerscher oder Wuerzelen fir besser ze péiffen.

All dat , war et nët.

Et waren Wuerzelen an Aescht vun Hecken an Beem, deenen hir speziell Formen et dem Misch ugedoen haaten, an virun allem hien inspiréiert hunn.

Hei konnt hien drun schneiden, schnëtzelen, raspelen an esou desem anonymen Holz eng nei Identitéit ginn.

Jo, esou huet et ugefaangen,a Gott sei Dank huet de Misch beim Loeschenhaus gewunnt, an nët an Norwegen, well soss wir hien matt all déem Geschier nach en“ Troll“ oder e „Rübezahl“ ginn.

Et war am Maerz, fir genau ze sinn, den 17.3.1951, am Zéechen vum Fësch, bei engem schwéieren Donnerwierder,an enger gemittlecher Kummer,bei zwou Kaerzen an enger Hiewamm, wou hien op d’Welt koum.

Eng grouss Famill war do zesummen. Am ganzen 9 Kanner, dovun 4 Meedercher an 5 Bouwen, an Zoff a Streidereien waren nët auszeschléissen, mée hunn dozou gehéiert.

Et war eng arm Zeit, mée et war virun allem eng schéin Zeit, huet de Misch mer gesoot, an ech mengen dat koenne mer him gléewen.

Iwer seng Schoulzeit hu mir jo schon geschwaat.

Wéi dun d’Monsanto hei op Iechternach komm ass, huet de Misch vun der Gelégenheet profitéiert vir e puer Sou ze verdingen.

Vun 18-20 Joer war hien do, mée et war nët seng Saach.

Seng Leidenschaft war nun émol d’ Holz an d’Sichen no neie Formen an Ideen.

Méi schlecht wéi recht huet hien sech duerch d’Liewen geschloen an huet eigentlech d’Liewen vun engem Bohémien gefouert.

Hien war fréi wéi e Villchen, huet dohém geschafft an hei an do eng Hand ugepaakt wou Nout um Mann war.

E wichtegen Zoufall an sengem Liewen war, wéi hien wéint enger Krankhéet op Esch an d’Spidol huet misse goen.

Sengem Zemmernooper, engem Mann vum OGBL, huet hien esou niewebei erzielt dass hien giff Schnëtzlereie maachen.

Dén war vum Misch sengem Schaffen esou begéeschtert, dat hien him eng Ausstellung zu Esch an der Maison du Peuple organiséiert huet.

Virum offiziellen Vernissage, war de Misch mat zéiten do. Et ass him opgefall dat op ganz villen vun senge Sculpturen ée roude Punkt war.

Mat déenen roude Punkte konnt de Misch dée Moment nët direkt eppes ufänken, mée hien huet gesinn, a war paff, wéi zergutzt d’Preisser waren, déi fir seng Aarbechten gefroot goufen.

Ganz schnell hat de Misch awer dun eraus, wat déi roud Punkten bedeit hunn,a wat d’Klacken gelaut haaten.

Mat senger Ausstellung hat hien zu Letzebuerg den Duerchbroch geschafft.

Duerno sinn all Joer Ausstellungen vun him an verschiddenen Gemängen vum Süden,wéi Esch,Remeleng,Déifferdeng oder Péiteng organiséiert ginn.

De Misch war um gudde Wée en unerkannte Sculpteur wéi den Auguste Tremont oder den Lucien Vercollier ze ginn.

Mée fir an déenen hier Fousstapfen ze trieden, war et awer nach e wéide Wée.

Déi zu déir Zéit gudd bekannte Galerie „Wirschem“ huet weider zum Succès vum Misch béigedroen.

1978 huet et hien awer nët méi zu Letzebuerg gehaalen.

„Der Duft der grossen weiten Welt“, e Slogan vun der Zigarettefirma Peter Stuyvesant war wuel nët den Ausléiser vun senger Rées op Paréis.

Et war wahrscheinlech éischter en ënnert Gefill sech könstleresch ze perfektionnéieren, wat hien gedriwen huet sech op de Wée ze machen.

Mat engem Stipendium an der Tesch, konnt de Misch zu Montmartre optrompen, mais virun allem och seng artistesch Fähegkéeten an der „Cité Internationale des Arts“ beweisen, an nei Ideen an Techniken wéi en drechene Schwamp opsuckelen.

Härz wat begierst de, alles war do!

Eng schéin Zeit fir den Artist.

1978 war et och, wéi hien déen nach haut bekannten sloweneschen Sculpteur Zorko zu Montparnasse kenne geléiert huet.

Hei e klengen Auszoch wat d’Kritik nach haut iwer den Zorko séet:

Zorko est un des derniers témoins des célèbres « Montparnos ».

Rarement la sculpture est à ce point en harmonie avec l’espace que dans les œuvres de Zorko.

La dureté et la noblesse du marbre se marient, donnant naissance à des lignes pures, gracieuses et solennelles.

Et war eng grouss Chance fir de Misch mat esou engem Könschtler zesummen ze schaffen a vun him berooden ze ginn.

D’Friichten hun och nët laang op sech waarden gelooss.

An esou huet hien un der « Biennale des Jeunes » am Escher Theater déelgeholl an e“ 1er Prix vun der Sculpture am Holz“ gewonnen.

Een vun séngen fervente Gönner war den Minister Robert Krieps.

Mat der Zéit sinn ëmmer méi Optreeg komm, vun Privatleit mée och vun de Bâtiments Publics an esou weider.

1983 ass hei zu Iechternach eng grouss Plastik bei der Belle-Vue agewiehen ginn, an och zu Bouefferdeng stéeht eng ähnlech Figur.

De Misch war gefroot, an 1984 war hien erem zu Paréis, 1985 zu Tréier, zu St Wendel an dun spéider zu Esch am „Schluechthaus“ an an der „Kulturfabrik“.

De Misch ass Iechternach awer ëmmer trei bliwen.

An séngem Atelier zu Weilerbach kann é gesinn, wéi e Stéen önnert den Hänn vum Misch eng Métamorphose matmecht.

Dat muss éen gesinn an erliewen, fir sech dat richteg virstellen ze Können.

Et ass an desem Atelier, wou seng lescht Aarbechten gemaach si ginn, wéi d’Jakobsmuschel ( Jakobusstele) zu Bollendorf oder déi formidabel Sculpture um Rond Point zu Béefort.

Ech kann hei nët all Wierker vum Misch opzielen, méi wann der kuckt, jo dann fand dir se iwerall:

Vun dem Willibrord um aale Régine,

der Häamelmaus beim Kneppesch Alain

de Schaffbeier bei Dell’s Lilly bis bei all déi Wierker bei Privatleit dohéem.

Jo souguer zu Manchester an bei de „Letzebuerger an Amerika“ ass eise Misch dobei.

Dem Misch seng Konscht ass verständlech!

Vun sengem figurativen Ufank bis zu sengen spéideren méi abstrakte Wierker, seng Konscht verbönnt Esthetik, Schwong, Erotik an Gefiller.

Et geséit éen, et fillt éen, dat hei en härzensgudden, éierlechen,oprichtegen Mënsch sengen Matmënschen duerch sein Schaffen Fréed wëll maachen.

Misch , deng Aarbescht litt nët an ass individuel an onverkennbar.

Maach esou weider, well du hues mer gesoot, du häss nach Ideen fir die nächst 1000 Joer.

Nu je, da muss de dech awer begannen, an mir hoffen alleguer dat der nach vill Zeit bleiwt.

Zum Schluss wëll ech iech nach e schéine Saatz virliesen:

La sculpture, c’est une musique qu’on écoute avec les yeux.

C’est aussi une forme de danse, avec ce qui n’est au départ qu’un bout de caillou ou de bois que je transforme pour le faire danser dans l’espace avec l’énergie qui me fait vivre.(Jean Janez)

Jo, sou ass et. Mer héi zu Iechternach könne stolz sinn, dass esou e Könschtler hei bei eis „Intramuros“ wunnt.

Ech soen iech alleguer villmols merci.

  1 comment for “„Eechternoacher Schaffbaier Präis“ 2010.

  1. 13. Oktober 2015 at 02:29

    Freck, 200, daat sin der vill! Do kann en jo mettlerweil wrleikch vun den 150 aktiven Blogs ausgoen, de9i eis Vanksen d’lescht Joer versprach haat! ;-)Ech froen mech, op et sennvoll ass, eng Art Hall of Fame ze maachen, wou en de9i Blogger, de9i et opginn hun, irgendwe9i eiert. Well et wier Schued, wann d’Links op den deelweis secher nach interessanten Conteu einfach geifen verluer geifen goen mee trotzdem ass et fir en Blogverzeechniss och wichteg, daat en me9i oder manner up-to-date ass an net ze vill Karteilaichen enthe4llt.Soss hun ech eigentlech keng Virschle9i ausser vielleicht der Meiglechkeet, me9i ne9i Posts ze gesin (vlaischt einfach de9i vun denen leschten 24 Stonnen?) An ech freen mech op d’c4nnerungen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.