« Shared Space »

De Paul Hammelmann ass de leschten Samschdeg am Kontext vun der Mobilitéitswoch bei den „Orange bike days“ matgefuer, eng Organisatioun vun der hollännescher Botschaft zu Lëtzebuerg zesummen mat der Lëtzebuerger Vëlosinitiative, déi dem Vëlo am Beneluxraum méi Gewiicht soll ginn.

Him sinn dobäi folgend Iwwerleegungen komm. Dëse Sender ass zu parteipolitescher Neutralitéit verpflicht an en hält sech drun. Et bleiwt awer natierlech engem Net-Kandidat erlaabt kuerz virun de Gemengewahlen den Kandidaten eng Iddi mat op de Wee ze ginn, an déi heescht am Zesummenhang mat der innerörtlecher Städteplanung „shared space“.

De Konzept vum „Shared space“ ass iwwregens a menger méi wéi 30-järeger Zesummenaarbecht mat der Sécurité Routière de faszinéiertesten Dossier deen ech konnt traitéieren. Hei geet et emol net ëm Präventioun, ëm Iwwerzeegungsaarbecht, déi nëmmen e limitéierten Succès huet; hei geet et net ëm Repressioun, déi jo alles wéi net beléift ass. Hei geet et ëm e Konzept, wat zwar politeschen Courage erfuerdert, mä wat d‘Sécherheet innerorts garantéiert verbessert an wat Cohabitatioun an eisen Stied an Dierfer erëm liewenswäert mécht.

D’Idee vum „shared space“ ass jo schon dës Öfteren och zu Lëtzebuerg virgestallt ginn, sou datt ech hei just mat e puer prakteschen Beispiller dénge muss.

Stellt iech et esou vir, wéi wann déi Gesten, déi mer am Alldeeglechen ënnerteneen gebrauchen, Moien an Äddi soen, engem de Virtrëtt loossen, engem Dir ophalen, och am Verkéier op eemol giffen ëmgesat ginn: keng Verkéiersschëlter méi, déi mir soen wat ech muss oder däerf maachen, keng Luuchten méi, déi mech ouni Ursaach unhalen, keng Trennung méi tëschent dem Foussgänger, dem Vëlofuerer an dem Auto, keng extra Behandlung vum kollektiven Transport op den Individualverkéier, nee en harmonescht Zesummeliewen wat – esou pervers et och kléngt – aus engem produktiven Chaos entsteet.

De Konzept vum „shared space“ ass iwwregens vun Polémologen, Kriechsfuerscher oder besser Friddensfuerscher erfonnt ginn. Wéi kann een verhënneren datt bei a priori ziviliséierten Leit, Aggressiounen entstinn oder do wou se bestinn, wéi kann een se ofbauen?

Den Hans Mondermann, den déi éischt Stied an Holland an duerno an villen europäeschen Länner mat „shared space“ équipéiert huet, sot sech: „Wann een d’Leit Jore laang wéi Idioten behandelt ginn se iergendwann och zu Idioten“; hien huet heimatter déi onzähleg Verbuets – a Gebotsschëlder gemengt, déi alles wéi net ëmmer un d’Architektur an un d‘Konfiguratioun vun der Uertschaft ugepasst sinn.

Hien huet déi intellektuell Approche zum Verkéier duerch eng emotional Approche ersat, hien huet d’Strooss liesbar gemaach: „La route me parle, pas la signalisation“. Blummebacken, déi den Automobilist behënneren, Pollen déi en ofbremsen, Luuchten déi en unhalen, gesäit hien als kontraproduktiv, den Automobilist kritt d’Gefill hei onerwënscht ze sinn an seet sech: „Elo eben just“!

Dem Mondermann säin Credo ass „wann een gären hätt, d’Leit sollen sech wéi an enger Kierch behuelen, däerf een hinnen keng Disco bauen.“ Dofir gëtt et dann och zu Drachten, der Stad an Holland, déi als Prototyp vum shared space ugesinn gëtt, och nach just eng rout Luucht, an déi steet am Musée.

Dofir awer geet Strooss, déi an d’Uertschaft eran fiert net méi laanscht de Schoulhaff, mä matten duerch de Schoulhaff an direkt op d’Kierch zou. De Foussgänger geet, wéi et him gefält, matten an der Strooss an den Auto parkt just do wou en wëllt. Mä hien parkt nach laang net iwwerall, hien parkt automatesch nëmmen do, wou en sengen Matmënschen an dësem eminent sozialen Raum keng Platz ewech hëlt, keng Vue zerstéiert, hien parkt esou datt d’Ästhetik vun der urbaner Gemeinschaft net drënner leit.

Dat alles erreecht een ganz ouni Verkéiersregelen awer mat architektoneschen wuel iwwerluechten Konstruktiounen déi mat den Awunner, mat de Bierger ausgeschafft musse ginn. Dat alles erfuerdert och, wéi ugangs ugedeit, politeschen Courage, well de Gemengeverantwortlechen ka sech duerno net méi hannert de Verkéiersschëlter verschanzen.

Avis aux amateurs courageux, also!

AUDIO: D’Carte blanche nach eemol lauschteren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.